top of page

Wat huet mech motivéiert dës Ausbildung ze maachen?

 

Wann ech mat de Kanner an der Schoul schaffen, fält mir op, datt  si hir Aarbichten  esou maachen, wéi si mengen, datt et äis Erwuessenen gefält. Et ass ganz schued, datt si net méi hirem Bauchgefill noginn an hirer natierlicher Kreativitéit fräie Laf lossen.

Si sinn ofhängig vun eise Bewertungen an Unerkennungen.

Schonns ganz kleng Kanner kënnen näischt méi mat engem eidele Blat a Faarwen ufänken, komme mat all Stréch, dee si gemoolt hunn a wëlle wëssen ob dee gutt ass.

 

Wéi solle si an dëser Blockade, déi mir hinnen onbewosst operleeën, hiren eegene Wee fannen a frou a glécklech Mënsche ginn?

 

A menger Ausbildung hunn ech d'Formulatioun nom Arno Stern kennegeléiert an erfuer, an ech gesinn doduerch aner Weeër....

 

bottom of page