top of page

begleitetes Malen:

 

"Begleitetes Malen" huet säin Ursprong an den Aarbichte vum Arno Stern an ass vum

Bettina Egger virun entwéckelt ginn. Am Institut für Humanistische Kunsttherapie Darmstadt hunn ech och d'Weiderentwécklung vun dëse Grondiddie vum Alfred an Micaela Niedecken kennegeléiert an erfuer.

 

Dir braucht keng kënschtleresch Fäegkeeten, oder Wësse vu speziellen Techniken, well un éischter Stell steet d'Erliewe vum Molprozess an net e fäerdegt perfekt Bild.

 

Am "Malort" fannt Dir ee geschütztene Raum wou Är Biller kënnen entstoen.

D'Duerchliewe vum Molprozess gëtt Iech d'Méiglechgkeet Iech ze spieren, eventuell ënnerdréckte Gefiller zouzelossen, Ales unzehuelen a Neies z'erliewen.

 

Jiddereen entscheet selwer ob hie moolt fir z'entspanen, oder ob hie moolt well hien einfach Freed um Molen huet, oder ob hien am Molen eng Ënnerstëtzung a schwéiere Liewenssituatioune sicht. 

 

 

bottom of page