top of page

 

De Molraum ass ee geschütztene Raum, de mat Molwänn agekleet ass. Op des Molwänn gëtt groussformatische Pabeier opgehaang. An der Mëtt vum Raum fannt Dir e grousse Guachfaarwebuffet un deem Dir Iech zerwéiere kënnt.

 

De "Malort" ass fräi vu visuellen an akustische Reizer vu baussen. Sou fannt dir ëmmer eng gläichbleiwent Atmosphär, op d’Sonn schengt et reent oder schneit....

 

Hei ass „Kleng a Grouss“ agelueden, an enger rouiger, friddlicher Atmosphär, fort vum Alldag, sich wuel ze fillen an ongestéiert seng eege Biller ze molen.

 

Als Molleederin bedéinen ech Iech an ënnerstëtzen Äre Molprozess.

bottom of page