-
Dir moolt an engem geschütztene Raum.
-
Dir moolt am Stoen op groussformatische Pabeier.
-
Dir losst iech vun der Faarwepalett inspiréieren a gitt Ären Impulser no.
-
Dir moolt an der Reegel mat Ären Hänn
(Dir stitt doduerch méi am Kontakt mam Bild
mä och Pinsele kënnt Dir benotzen)
-
Dir moolt deckend mat héichwertiger Gouachfaarw.
Dir braucht keng kënstlerisch Fäegkeeten, oder Wëssen vu speziellen Techniken, well un ischter Stell steet d'Erliewe vum Molprozess an net e fäerdegt perfekt Bild.
D'Duerchliewe vum Molprozess gëtt Iech d'Méiglichkeet Iech ze spieren, eventuell ënnerdréckte Gefiller zouzelossen, Ales unzehuelen a Neies z'erliewen.
Dir entscheet selwer ob dir moolt fir z'entspanen, oder ob dir moolt well dir Freed un der Faarw huet, oder ob dir am Molen eng Ënnerstëtzung a schwierigen Liewenssituatioune sicht.