top of page

 

De „Malort“ bitt de Kanner/Jugendlichen eng rouig gemittlich Atmosphär, wou si hir eege Motiver an Theme kënnen op Pabeier brengen.

 

An der Mëtt vum Raum steet e grousse „Faarwebuffet“ mat Guachfaarwen a mat Pinsele wou si sech zerwéiere kënnen. Si molen am Stoen.

 

Reegelen, déi si aus dem kënstlerischen Mole kennen, spillen hei keng Roll. Hir Biller ginn och net bewäert.

 

Regelméissigt Molen am Atelier déint hirer fräier Entwécklung, stäerkt hiert Selbstvertrauen an hir Onofhängigkeet am kreative Beräich.

Ängstlich Kanner ginn encouragéiert Neies ze probéieren, onrouig Kanner kréien duerch déi klar Reegele genuch Halt fir bäi hirer Aarbicht ze bleiwen.

 

D’Aarbicht an der Grupp léiert si een op den anere Rücksicht ze huelen an Toleranz ze weisen, dobäi gëtt awer jiddereen individuell begleet an ënnerstëtzt.

bottom of page